Léif
rotaresch Frëndinnen a Frënn,
Mir organiséieren
dëst Joer rëm eis flott Ouschtereeër-Aktioun zesumme mat dem Lëtzebuerger
Kannerduerf. Dir kënnt also och dëst Joer gären Äre Léiwen eng Freed mat engem
gefëllte Prâliné-Ouschteree vum Haus Oberweis maachen fir de gudden Zweck.
Wéi all Joër
erlaabt eis den Erléis, d’Material fir e flotte Projet fir d’Kanner a
Jugendlech ze finanzéieren. Dëst Joër heescht et fir sie, kreativ ze gin, an e
Sëtzberäich fir dobausse ze gestalten: vun der Iddee bis zur Realisation solle
sie am Grupp mat Paletten a vill anere Materialien eng permanent Struktur
bauen, ‘hir eege Plaaz’ am Kannerduerf!
Mir freeën
eis iwwert all Commande.
Präis vun engem
Ee: 52 €
Bankkonto vum Rotary Club
Diekirch-Ettelbruck:
Banque Raiffeisen LU42 0099 7800 0157 4813
D'Schockelas-Ouschtereeër
kënne Freides, den 27. Mäerz 2026 vun 12h00 bis 14h00 am SOS Kannerduerf zu
Miersch ofgeholl ginn.
Mat menge
beschte rotaresche Gréiss,
Mathias
Münster