Remise des chèques Castle Tour 2022

jeudi 24 novembre 2022

Mir waren zu 11 Membren vum Rotary Club Dikrech - Ettelbréck bei der Scheckiwwerreechung vum 13te Castle Tour bei eisem Haaptsponsor CapitalatWork. Dräi Associatiounen hunn hir Schecken iwwerreecht kritt. Dat woren de Liewenshaff mat 7500 EUR, d'AVR mat 5000 EUR an d'ALAN och mat 5000 EUR. D'Representanten hunn d'Wichtegkeet an d'Verwendung vun eisen Don'en ënnerstrach. Eise President Germain Schmit huet senger Säits erkläert, dass de Castle Tour bei wäitem de wichtegsten Event fir eise Rotary Club ass an eis soumat erlaabt déi verschidden Associatiounen op eng signifikant Manéier ze ënnerstëtzen. De Germain huet CapitalatWork, déi duerch d'Hären Claude Eyschen a Jean Schmitt vertrueden waren,  villmools merci gesot fir hiren Sponsoring iwwert déi vill lescht  Joren.

GT

Och publizéiert op MyWort:  Link

Remise des Chèques vum 13te Castle Tour bei CapitalatWork de 24ten November 2022