Bienvenue à Madame Sandra Goergen au Rotary Club Diekirch-Ettelbruck

mardi 25 juillet 2023

Den 19ten Juli huet de Rotary Club Dikrech-Ettelbréck d’Madame Sandra Goergen, Directrice-adjointe vum Lycée Classique vun Dikrech, als hiren 65te Member opgeholl. Déi feierlech Opnam huet am Rahmen vun der 3ter Club Reunioun a Präsens vun 35 Memberen an Invitéen statt fonnt.

Zanter Oktober 2020 verfollegt eise Club eng paritéitesch Opnam vun neie Membren, wat mat 6 Dammen a 6 Hären och beschtens gelongen ass. Sou ass et dann och fir d'éischte Kéier an der Club Geschicht, dass eng Maraine eng  nei Rotarierin proposéiert huet.

De Rotary Club Dikrech-Ettelbréck feiert dëst Joer säin 60ten Anniversaire mat  engem ofwiesslungsräichen  Programm iwwert ganzt Joer  an den offiziellen Festivitéiten den 11te Mee am Centre Culturel Al Seeërei zu Dikrech.

La maraine Mia Aouadi, la nouvelle Rotarienne Sandy Goergen, le président Georges Thielen