De Rotary Club Dikrech-Ettelbréck huet den 13ten Dezember d'Linda Goffin an den Quentin Marcelis opgeholl. Domatt zielt de Club elo 5 Membren déi 40
Joer oder manner hunn an huet esou vill Memberen wéi nach ni mat 8 Dammen a 61 Maenner.
Zuelenmeisseg mat 69 Memberen ass den RCDE de 4t gréissten Rotary Club zu Lëtzebuerg. Mat 11.6% vun sénge Memberen déi Dammen sinn, ass de Club zu Lëtzebuerg elo op der 6ter
Positioun a läit direkt hannert de 5 Clibb déi schons als Club mixte
gegrënnt goufen.
Duerch eis nei
Membren bréngen mir Diversiéit a nei
Iddien an de Club a foerderen och weider
dat intergenerationellt Denken. Fir de President Georges Thielen waren et schons déi 4te a 5te Member déi hien zanter Juli huet dierfen ophuelen an hien huet de Parrainen fir hiren Asaz
a Virbereedung beim Recrutement Merci gesot.
A Präsenz vun iwwer 30 Memberen huet hien dem Linda an dem Quentin d‘Insigne
vum Rotary iwwerrecht an si soumat offiziell am Rotary opgeholl. Zousaetzlech kruten déi nei Memberen hiren traditionellen Welcome Pack an hunn hir Charte du Nouveau membre ënnerschriwwen.
GT