45 Joer Inner Wheel Dikrech-Ettelbréck - 100 Ans Inner Wheel Mondial

vendredi 23 février 2024

Léif Memberen a Frëndinnen vum Inner Wheel  Dikrech-Ettelbréck, 

Bei der Festivitéit vum 15-jaerigen Anniversaire vum Rotary Dikrech-Ettelbréck, den 28. Abrëll 1979, gouf gläichzäiteg d‘Remise de Charte  un iech an domadden un den 1.ten IW Club hei zu Lëtzebuerg iwwerreecht. An esou kënnt et , dass dir  och de Club Numm Dikrech-Ettelbréck drot. Dat zu enger Zäit wou déi zwou Gemengen nach méi op hier Ënnerscheeder wéi op hier Gemeinsamkeete Wäert geluecht hunn. Tëscht eisen Clibb stoung par konter dat Gemeinsamt ëmmer am Vierdergrond.

Den 23te Februar hutt dir een duebele Gebuertsdag mat enger wonnerbarer Soirée gefeiert; ären eegenen 45ten Gebuertsadg an den 100ten vum Inner Wheel weltwäit.

Dir sidd haut een Inner Wheel Club mat 38 Memberen, sou staark a grouss wéi nach ni. Op är Ënnerstëtzung, är Fraenpower konnten mir eis am Rotary bei eisen Manifestatiounen ëmmer verloossen.  Mir kënnen net genuch Merci soe fir är Ënnerstëtzung a Frëndschaft an de leschte 45 Joer. 

All eis Felicitatiounen fir 45 Joer Inner Wheel Dikrech-Ettelbréck !

Vive den Inner Wheel, vive eis Frëndschaft !    


Georges Thielen

President RC Dikrech-Ettelbréck

Happy Birthday to Us !!!