Dîner Musical du 7 Mars au EHTL

jeudi 7 mars 2024

Begréissung duerch de President vum Rotary Club Dikrech-Ettelbréck

Leif Frënn,

Des Editioun vum Dîner de Bienfaisance oder och Dîner musical genannt ass eng Editioun Anniversaire.  1999 virun 25 Joer huet laut eisem Club Historiker d‘Traditioun vun eisem  Dîner Musical an der Hotelschoul, deemols nach  Lycée technique hôtelier  Alexis Heck, ugefang.

Den alleréischten Dîner Musical war schons den 1ten Abrell 1998, et war geduecht als een eemolegt Fundraising Event fir den Erdbebenopfer an Umbrien ze hëllefen, der Géigend rondrem Gubbio wou eise Member Marc Pannacci gebuer ass a wou eis  mat dem RC Gubbio  och eng Frëndschaft vebënnt.

Baséirend op dem grousse Succès vun deser alleréischter Editioun huet eise Club décidéiert all Joer een Dîner Musical fir hier Bienfaisance ze organiséien an ab 1999 huet den Dîner  eng fest Plaz an eisem Kalenner.

Eng 25 jäereg Partnerschaft huet sech mat der Hotelschoul entwéckelt fir déi mir haut villmols Merci soen.

Des Soirée war ëmmer souwuel kulinaresch wéi och musikalesch geprägt an e wichtegt Evenement wat eisem Rotary Club erlabt seng sozial a kulturell Projeen duerch ze féieren. Fir des Editioun vum 25ten Anniversaire sinn mir rëm op eis Ufaenk zréck komm an et sinn wéi  bei den eischten Editiounen rëm Professeren a Schüler aus dem Museks Conservatoire du Nord, déi de musikalesche Programm gestalten. Dest Joer ass d'Thema vum Owend eng kulinaresch a musikalesch Rees op Roum wouhin eis och eis Club Rees féiert. Well dëst Joer eisen Club och säin 60ten Anniversaire feiert, hunn mir nach zousaetzlech eng Tombola du 60enaire fir iech haut den Owend organiséiert.

Mir sinn frou dass mir mat 100 Leit haut den Owend de Contingent, deen eis vun der Hotelschoul offreiert gët , komplett erreecht hunn an sou gët des Soirée vun der Bienfaisance hier e groussen Erfolleg. Een Deel vum  Erléis vun deser Soirée verwenden mir ëmmer fir Präisser un Élèven vun den Ofschlossklassen  bei der Diplomiwwerreechung vum EHTL ze verginn. Dëst Joer geet de Benefice zousaetzlech an ee Projet mat der Stëmm vun der Strooss, deen  mir insgesamt an desem Rotareschen Joer mat 10,000 EUR ënnerstëtzen wëllen, woubäi mir dat gemeinsam mam RC Luxembourg a mam RC Esch maachen.

An mir hunn och décidéiert  een aneren Rotary Club den RC Schuman bei sénger  Aktion muer um Weltfraendag ze ënnerstëtzen, eng ganz grouss Aktioun mat 10,000 Rousen wou de Benefice dest Joer integral un de Programme Stand Up Rise Up vun den Oeuvres vun der Grande Duchesse geet. Sou hunn mir fir all Fraen déi den Owend hei sin an eis sou ënnerstëtzen eng Rous kaaft déi mir iech, léif Dammen  um Enn vun der Soirée mat heem ginn.

Léif Frënn an Inviteen ech soen Iech villmols Merci dass dir den Owend bei eis komm sidd an hoffen dass dir dësen Owend kulinaresch a musikalesch genéissen waert.

Yannis Shymko Piano, Manfred Logeling Basse-Bariton, Claire Garçon-Wio Mezzosopran, Professeur Mariette Lentz