Feierlech Opnam vum Gilbert Reuter am Rotary Dikrech-Ettelbréck

mercredi 20 mars 2024

De Rotary Club Dikrech-Ettelbréck huet während sénger Reunioun vum 20te Mäerz mam Gilbert Reuter de 7te Member am Exercice 23-24 opgeholl. Et war eist Zil eis Recrutementer virun de 60enaire Feierlechkeeten am Mee ofzeschléissen an et huet sech gelount. Mir hunn Memberen mat 7 neie Beruffer a Profiller opgeholl, mir hunn eis Altersmoyenne ganz signifikativ em 2.5 Joer  kéinten ofsenken. Mir hunn sou wuel bei eise Reuniounen an eisen Aktiounen eng ganz héich Participatioun wat fir e Rotary Club essentiell ass.

Als Club aus der Justizstad Dikrech ass et gelongen mam Gilbert Reuter rëm een aktive Member aus dem Droit-Barreau ze  recrutéieren.

De President Georges Thielen sot dem Gilbert Merci dass hien sech fir de Rotary entscheed huet a sengem Parain dem Pascal Probst Merci fir seng exzellent Virbereedung. 

De Rotary ass eng Organisatioun vum Service Above Self mat héchsten Uspréch , déi sech ëmmer rëm selwer hannerfreet. Dat geschitt un Hand vun de véier  Rotaresche  Froe déi ëmmer à l'Origine vun de Club Decisiounen  stinn.

De Gilbert Reuter ass bereed seng  Iddien a Virstellungen am Rotary ëmzesetzen a wäert sou eisem  Club nei Impulser ginn.

De President huet  dem Gilbert Reuter d‘Insigne vum Rotary a Präsenz vun iwwer 30 Memberen an dem Assistant du Gouverneur JM Hoffmann  feierlech iwwerreecht an hien soumatt offiziell an de Rotary opgeholl. 

Pascal Probst, Gilbet Reuter, Georges Thielen, Jean-Marie Hoffmann (de gauche à droite)