Rotary Castle-Tour
Kalenner fir d’Joer 2025
Léif
Frënn a Frëndinne vu klasseschen Oldtimer, flotte Rallyen an historeschen
Attraktiounen,
De
15. Rotary Castle Tour 2024 huet, trotz dem ufangs schlechte Wieder, eng
Rekord-Bedeelegung vun iwwer 140 superschéin Autoe gehat. Wéi all Joer
sinn dësen Tour, seng Autoen a Schlässer an eisem 9. Kalenner
dokumentéiert.
Dir
kennt dëse Kalenner zum Präis vu 25 € iwwert eise Computer Site www.castle-tour.lu
bestellen. Dir kritt en dann esou schnell wéi méiglech Heem geliwwert. Schéckt
mer w.e.g. är Liwweradress an är Telefonsnummer wou der ze erreeche sidd u marc.pannacci@outlook.com.
D’Recettë
vun de Participanten, de Sponsoren an dem Verkaf vum Kalenner hunn eis et dëst
Joer erëm erméiglecht, Done vun insgesamt 15.000 Euro un dräi
Associatiounen ze spenden. Dëst waren de „Päerdsatelier Liewenshaff“,
d'„Fondation Sarah Grond“ an de „Wonschstär“.
Zënter
dem éischte Rallye 2009 huet eise Rotary Club iwwert 240.000 € un di
verschiddenst Organisatioune gespent.
De 16. Rotary Castle Tour ass den 29. Juni 2025 a
gëtt erëm vum iwwer 60 Leit aus dem Rotary Club Dikrech-Ettelbréck
organiséiert a vun eise laangjärege Sponsoren ënnerstëtzt.
D’Aschreiwung
fir den nächste Castle Tour geet geschwënn op um www.castle-tour.lu.
Fir
eng niddreg Startnummer ze kréie gëtt et eng gutt Méiglechkeet.
Kommt
mat dem eelsten Auto virun 1986 den der am Garage hutt.
De Rallye Team aus dem Rotary Club Dikrech-Ettelbréck
wënscht Iech
Vill Freet mam
Rotary Castle-Tour Kalenner 2025
Schéi Feierdeeg
an
e Séchere Rutsch an d‘Joer 2025