Ostereier Aktion 2021

vendredi 2 avril 2021

02.04.2021 – Ouschtereeër-Aktioun am Kannerduerf
 


Am Numm vum Kannerduerf soe mir dem Rotary Dikkrech-Ettelbréck e ganz grousse Merci fir déi grouss Bereedschaft zum Erfolleg vun dëser flotter a spontaner Ouschtereeër-Aktioun bäigedroen ze hunn.

 

E spezielle Merci geet un hiere President, den Här Mathias MUNSTER fir säin Engagement an un den Här Jeff OBERWEIS fir déi wäertvoll Ënnerstëtzung.

 

Mam Erléis vun der Ouschtereeër-Aktioun sollen d’Kanner am Kannerduerf kënne bitze léieren a kreativ Saache gestalten.

 

Ënnert der Leedung vun eiser Konscht-Therapeutin aus dem Kannerduerf soll e Bitz-Atelier am Sënn vu Nohaltegkeet entstoen. De Leedgedanken dobäi ass : „Aus aal gëtt nei – eis Kanner léiere bitzen“.

 

Mat der Acquisitioun vu Bitzmaschinnen an enger Surjeteuse kënnen zukünfteg Projeten am Beräich ‚upcycling‘ realiséiert gin.

 

Kreativitéit, Gedold a Fangerspëtzegefill sin dobäi wichteg Eegeschaften, déi d‘Kanner dobäi kënnen entweckelen.