Remise des Chèques Castle Tour 2022

jeudi 24 novembre 2022

Mir waren zu 11 Membren vum Rotary Club Dikrech - Ettelbréck bei der Scheckiwwerrechung vum 13te Castle Tour bei eisem Haptsponsor CapitalatWork. Dräi Associatiounen hunn hir Schecken iwwerrecht kritt. Dat woren de Liewenshaff matt 7500 EUR, d'AVR matt 5000 EUR an d'ALAN och matt 5000 EUR. D'Representanten hunn d'Wichtegkeet an d'Verwendung vun eisen Don'en ënnerstrach. Eise President Germain Schmit huet senger Säits erklärt, dass de Castle Tour bei wäitem de wichtegsten Event fir eise Rotary Club ass an eis soumatt erlabt déi verschidden Associatiounen op eng signifikant Manéier ze ënnerstëtzen. De Germain huet CapitalatWork, déi duerch d'Hären Claude Eyschen a Jean Schmitt vertrueden waren,  villmols merci gesot fir hiren Sponsoring iwwert déi vill lescht  Joeren. 

GT

Remise des Chèques vum Castle Tour bei Capital at Work de 24ten November 2022


Images supplémentaires